TEL: +352 47 96 27 32
Deutsch English
Henri Losch: "De Kregéiler - e Frënd vun der Natur erzielt"
Zeitraum: 07.11.2017 18:30 - 07.11.2017 21:00 Uhr

07 novembre 2017 à 18:30                                                             

au Cercle ("Auditorium Henri Beck"; 5e étage)

 Henri Losch portrait
 

Den Henri Losch ass 1931 zu Dikrech gebuer.

Pensionéierte Schoulmeeschter, Chargé-de-cours fir Dictioun am Escher Conservatoire, Theater-a Filmacteur, Member vum « Lëtzebuerger Theater » 1962-1973, Grënnungsmember vum TOL, Dréibuchauteur vun zwou grousse Filmproduktiounen, „Déi zwéi vum Bierg“ an „De falschen Hond“, widmet hién sech besonnesch der Lëtzebuerger Sprooch.

"De Kregéiler - e Frënd vun der Natur erzielt"

Nom Succès vu sengen autobiographesche Wierker "Koppeges a Bosseges" an "D"Rennscheier"  verzielt den Henri Losch, de groussen Erzieler, an de ronn 30 Geschichten vu sengem neien Buch "De Kregéiler" vu senge perséinlechen Erfarungen mat der Natur, déi hie scho säit fréister Kandheet begleet a gepräägt hunn.

Den Henri Losch féiert eis duerch d'Liewe vu senge Virfaren, déi an Amerika ausgewandert waren, duerch seng Kannerzäit zu Méchelbuch, wou seng Famill hierkënnt a wou hien alles, wat sengem Ëmkrees gehéiert huet, als säin Eegent ugesinn huet.
Op Useldeng, wou en, ëmgi vun allehand Hausdéieren, d'Chance hat, an engem aussergewéinleche Bongert an an engem eenzegaartege Gaart sech sou richteg ze verwierklechen.
Op Grooljen an op Uewerpallen, wou en sech als Schoulmeeschter ënnert den Duerfleit wuelgefillt huet, an op d'Helfenterbréck, wou en sech no laangem Hin an Hier a mat vill Äiffer e klenge Paradäis opgeriicht huet, bis d'Gemengepäpp vu Bartreng ronderëm hie sou munches erlaabt hunn, waat deem en Enn gemaach huet.


Do gouf en am ganzen Duerf als "De Kregéiler" bekannt.  

Télécharger le flyer:      file.jpg


                                                                                                                                        

 

                                                                                                         
 

De Kregéiler, small 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 "En ass ganz einfach duerch Wisen, Felder, Hecken a Bëscher gesträift. Egal zu wat fir enger Joreszäit. Ëmmer erëm huet en do e Gefill vu Gebuergenheet verspuert. Et ass duergaangen sech eng Weil op e Bamstomp ze setzen, d'Aen zouzemaachen an an déi Rou eranze lauschteren. De Wand, deen d'Blieder vun de Beem ziddere gedoen huet, d'Krabbele vun allerhand Gedéiesch am Gras zu senge Féiss, d'Päifen an d' Sange vun de Vigel an de Beem, d'Kreesch vun de Kueben héich um HImmel, d'Gekräichz vun de Markollefen, wann iergendeng Gefor ze melle war, an dee gedämpfte Kaméidi vu wäit hier, aus den Dierfer héich op de Koppen, do wou nach Liewe war, alles dat war Balsam fir seng Séil".