TEL: +352 47 96 27 32
Deutsch English
Jean Schoos : "De René Fischbach an den Dickweiler Krees"
Zeitraum: 25.11.2012 18:30 - 19.11.2019 21:00 Uhr

19 novembre 2019 à 18:30

au Cercle Cité (Auditorium "Henri Beck", 5e étage)

 Jean Schoos small

Jean Schoos

08.09.1947 Luxemburg

De Jean Schoos ass 1947 an der Stad gebuer, wou hien och opgewuess ass. No der Première 1966 am Jongelycée ass hien op de Mathematikscours gaangen, fir '67 Chimie a Physik zu Heidelberg ze studéieren. Zwee Joer drop ass hien dunn awer op Psychologie a Soziologie ëmgeklommen. 1978 ass en heem op Lëtzebuerg komm, fir d’Plaz als Direkter vum Jongenheem, enger sozialer Ariichtung fir Kanner a jonk Leit, unzehuelen. An dëser Funktioun ass hie bis 2011 bliwwen, wou hie pensionéiert gouf. 

D’Krimiserie „Gudde Gendaarm, Béise Gendaarm“ ass säin éischt schrëftstellerescht Wierk. Den Auteur huet sech am Virfeld vill mat den historesche Realitéiten zu Lëtzebuerg beschäftegt an déi a säi fiktionale Krimi mat afléisse gelooss, wat dës Geschicht besonnesch interessant mécht.
https://www.editionsguybinsfeld.lu/author/jean-schoos

De René Fischbach an den Dickweiler Krees

Nodeem den drëtten Roman aus dem Jean Schoos senger Krimiserie "Gudde Gendaarme, béise Gendaarm" erauskoum, konnt de Lieser en Androck kréien, wéi deen neien Dickweiler Krees sech an eng Richtung géif entwéckelen, déi fir nach vill Opreegung am Ländchen kéint suergen.

Aus där gemittlecher Juegdgesellschaft vun strammen Anti-Kommunisten hat dee fréieren Artillerie Offizéier Maurice Lacaf eng duerchtrainéiert kleng Privatarméi gemaach, déi zäitweileg vun engem fréieren belschen Parachutist an Kongo Mercenaire geschoult gouf, bis deen bei Bäerdref ënnert ongekläerten Ëmstänn vun engem Fiels gefall war.

Wéi geet et am véierte Roman, deen am Hierscht an den Éditions Guy Binsfeld erschéngt, mat deem geheimnisvollen Dickweiler Krees weider?

Den Psycholog Jean Schoos an den Historiker Lucien Blau liesen aus der Krimiserie fir de Publikum op de fënneften an leschten Roman ëm den Ermëttler an delegéierten Offizéier vun der Sûreté René Fischbach an seng mëssroden Enquêten virzebereeden. 

Télécharger le flyer:      file.jpg