TEL: +352 47 96 27 32
Deutsch English
ATTENTION: La lecture de Tom Hillenbrand du 29 janvier 2019 est complète.
Jhemp Hoscheit : Wootleche Krich"
Zeitraum: 05.02.2019 18:30 - 05.02.2019 21:00 Uhr

05 février 2019 à 18:30                                                                   

au Cercle Cité (Auditorium "Henri Beck", 5e étage)

 18-06-24 Copyright Jean Meder
  © Jean Meder

Den Auteur:

De Jhemp Hoscheit, Joergang 1951, ass Papp vun zwee Kanner an huet bis haut iwwer 25 Bicher publizéiert.

Dorënner eng Romantrilogie, déi aus Aacht Deeg an der Woch (2006), Wootleche Krich (2018) a Perl oder Pica (Editions Schortgen, 1998) besteet an déi elo, mat dëser neier Publikatioun ofgeschloss ass. Den éischte Band vun der Trilogie gouf 2006 mam Lëtzebuerger Buchpräis ausgezeechent a fir deen drëtte krut den Auteur 1999 de Servais-Präis, ausserdeem gouf en 2005 vum Pol Cruchten verfilmt.

Och 2018 bei den Editions Guy Binsfeld erauskomm ass De Schmunzel, dem Jhemp Hoscheit säin zwieleft Kannerbuch, mat Illustratioune vum Carlo Schneider.

Wootleche Krich
Roman

Mir sinn am Joer 1965, d'Zäit vum Kale Krich, iwwerall geet rieds vun der Rouder Gefor. Eng Clique Jugendlecher mécht sech an hirem Quartier op d'Sich nom Roude Jojo, enger Persoun, déi eng Gefor fir e klengt Meedchen duerstellt. E puer Massendénger musse sech virun enger Persoun, déi dem Herrgott dénge soll, an Uecht huelen. An da ginn och nach Dreebréiwer verschéckt. E Schoulmeeschter plot wéinst engem geheimen Optrag dat schlecht Gewëssen. Eng Mamm beschäftegt sech mam Absurden – an e Geheimagent lauschtert Telefonsgespréicher mat.

Zu Esch schéngt e grousst Sichen ausgebrach ze sinn: nom Gléck, no der Wourecht …

De Jhemp Hoscheit verbënnt eegen Erfahrunge mat fiktionalen Elementer a schaaft esou eng Atmosphär, déi Hiresgläiche sicht. Den Zäitgeescht aus de siechzeger Joren ass wéi eng Momentopnam agefaangen an den Auteur erzielt, ganz no bei senge Personnagen, wéi d'Liewen an d'Mentalitéit an der Minettsgéigend deemools waren, an dat am Kontext vu gewerkschaftlechen a politesche Spannungen.

An dësem Gesellschaftsroman gi verschidden Erzielsträng aneneen iwwer, verbanne sech zu enger komplexer Geschicht a ginn zum Schluss lues a lues entschlësselt.

Den Jhemp Hoscheit get begleet vum jonken Musiker Chris Reitz.
Den Chris Reitz interpretéiert op seng Manéier verschidden Textpassagen a bitt och eege Creatiounen.
De Chris Reitz, 1992 zu Péiteng gebuer, huet mat 8 Joer an der Museksschoul vu senger Gebuertsstad Gei geléert. Zënterhier huet e seng Passioun fir d’elektresch Gei mat hire ville musikalesche Méiglechkeeten, déi se bitt, ausgebaut. Zënter 2013 trëtt hien als Solist op: en eenzegaartege Museker mat enger ganz perséinlecher musikalescher Ausdrocksform.

Télécharger le flyer:      file.jpg      et suivez-nous sur:   Events in Luxembourg

       

Wootleche Krich