TEL: +352 47 96 27 32
Deutsch English
Joseph Kayser : "Prinzessin Charlotte"
Zeitraum: 27.03.2018 18:30 - 27.03.2018 21:00 Uhr

27 mars 2018 à 18:30                                                                    

au Cercle (Auditorium "Henri Beck", 5e étage)

Joseph Kayser 

De Joseph Kayser ass 1964 zu Izeg op d'Welt komm, wou en och seng Kandheet an Jugend verbruecht huet. Als fräie Mataarbechter huet hien donoo fir d'Lëtzebuerger Press geschriwwen a fotograféiert. A sengem Beruff als Elektriker huet en nëmmen e puer Méint geschafft, 1984 huet e bei RTL ugefaangen. Am Mediebetrib ass en no enger Zäit och als Concepteur/Rédacteur vu Publicitéiten zum Assatz komm an ass nach haut als Radio-Stëmm fir Reklamme gefrot. Während där Zäit huet hien och d'Dréibuch "Äiskaal" geschriwwen.

Prinzessin Charlotte

1976. Viru méi wéi 40 Joer war hei zu Lëtzebuerg nach villes anescht. Déi meescht Familljen hunn nach no engem méi traditionelle Schema fonctionnéiert, an dem de Mann d’Suen heembruecht huet an d’Fra sech em Kichen a Kanner bekëmmert huet.
http://www.rtl.lu/kultur/film-a-kino/film-vun-der-woch/1034585.html

De Fränz huet 12 Jöer, wéi en am Hierscht 1976 an d'Stad an d'Schoul geet. De grousse Brudder ass schonn aus dem Haus, d'Schwëster schafft an ass seelen doheem. Am Elterenhaus leeft esou muenches dernieft an de Fränz plangt, heemlech fortzelafen, op Murmansk, eraus aus all deem , wat hien esou bedréckt. Ma ob dës Rees um Enn tatsächlech Realitéit gëtt?

D' "Prinzessin Charlotte" ass keng Prinzessin, ma dem Fränz seng Tatta, déi an der Psychiatrie gelant ass. Hir Geschicht gëtt parallel zur eigentlecher Handlung erzielt a sttet stellvertiedend fir dat, wat am Fränz senger Famill net esou ass, wéi et soll sinn.

D' "Prinzessin Charlotte" ass staark geprägt vum Auteur senger Kandheet zu Izeg, wéi vill anerer vu sengen Texter a sengr Heemechtssprooch. De Joseph Kayser fillt sech och am Franséischen doheem, sou huet e fir den däitschen Designer Markus Erhart zwee Konschtbicher iwer afrikanesch Masken op Franséisch iwersat. D' "Prinzessin Charlotte" ass säin éischt Wierk op Lëtzebuergesch, dat elo publizéiert gouf.

Den Auteur lieft haut zu Koplescht, net wäit vun der Plaz ewech, déi nom Wöllem Weis, dem Auteur vum "Klautje vun Izeg" benannt ass. An hei schlésst sech de Krees zum Joseph Kayser senger Kandheet nees.

Télécharger le flyer:      file.jpg      et suivez-nous sur:    Plurio 

 

Prinzessin Charlotte