TEL: +352 47 96 27 32
Deutsch English
Mil Goerens : "Eiser Soen"
Zeitraum: 24.04.2018 18:30 - 24.04.2018 21:00 Uhr

24 avril 2018 à 18:30

au Cercle (Auditorium "Henri Beck", 5e étage)

 Mil Goerens

De Mil Goerens, Joergank 1949 vu Schieren ass no der Première am Dikrecher Kolléisch 1969 bei d’Goodyear schaffe gaang, wou en dann 2009 no 40 Dingschtjoeren pensionéiert ginn ass. Fir di vill Zäit an der Pensioun sënnvoll opzefëllen, huet hien dunn ugefaang sech e bësse méi intensiv mat der lëtzebuerger Schrëftsprooch ofzeginn. An dee Volet fällt och seng Aktivitéit fir mat 2 aner Kollegen zënter 2001 eng Duerfzeitung vu Schieren zesummenzestellen, déi dräimol d’Joer erauskënnt, an do besteet seng Mataarbecht haaptsächlech doran déi historesch a di Beiträg a lëtzebuerger Sprooch nozesichen an néierzeschreiwen. Deelweis aus dëser Aktivitéit eraus huet sech du bei him d’Iddi festgesat datt een sech misst ëm déi al Ausdréck vun der Lëtzebuerger Sprooch bekëmmeren fir se fir déi nofolgend Generatiounen z’erhalen.

Eiser Soen

De Mil Goerens huet 3 Bicher op Lëtzbuergesch iwwer Soen aus dem Herzogtum Lëtzebuerg an de Grenze vu 1659 geschriwwen, also ier eis Noperen äis dräi Véierel vun eisem Territoire ofgegarrelt haten.

An den 3 Bicher ass rieds vun: 

  • - Hexen an Hexeprozesser
  • - Hexemeeschteren a vum Däiwel
  • - Hellegen a Wonneren
  • - Tempelritter an anere couragéierte Ritter
  • - Risen an Zwergen
  • - Näischnotzen a raffinéierte Matmënschen
  • - Maarkeréckler an Hiewanen
  • - komesche Jeeër an anere bossege Patréiner
  • - Gespenster a Geeschter
  • - gespenstegen Déieren
  • - Moueren a Suppen
  • - versenkte Klacken an anere Phänomenen
  • - Trauliichter an Ierliichter

Di dräi Bicher si geografesch opgedeelt, an zwar vun Norden no Süden:
Buch 1: D'Kantone Wolz, Dikrech, Miersch, Lëtzebuerg an Esch
Buch 2: D'Kantone Klierf, Réiden a Capellen, donieft Neibelgien an d'Province de Luxembourg
Buch 3: D'Kantone Veianen, Iechternach, Gréiwemaacher, Réimech an di fréier däitsch Territoire vun der Äifel, willkürlech an Nordwestäifel a Südäifel opgedeelt

Télécharger le flyer:      file.jpg      et suivez-nous sur:    Plurio

 

Eiser Soen