TEL: +352 47 96 27 32
Deutsch English
Roland Harsch : "Dat grousst Féissbuch"
Zeitraum: 14.05.2019 18:30 - 14.05.2019 21:00 Uhr

14 mai 2019 à 18:30                                                                        

au Cercle Cité (Auditorium "Henri Beck", 5e étage)

 Roland Harsch

De Roland Harsch, gebuer de 24. Juli 1951 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Schrëftsteller.
De Roland Harsch huet zu Wien an zu Tréier Anglistik a Germanistik studéiert. Vu Beruff ass hien Däitschprofesser. Hien ass bestuet an huet 4 Kanner.

Dat grousst Féissbuch

Am Ufank gouf et e Wuert als Irritatioun: FACEBOOK. Op Lëtzebuergesch verstinn ech noutgedronge FÉISSBUCH.
Dat wor den Ausléiser, den déclic, oder de gudde Fouss hannebäi.

Dat Buch huet elo 14 Kapitelen, déi sou zimlech alles zur Sprooch bréngen, wat mat de Féiss ze dinn huet. Gläichzäiteg ass dat Buch streckeweis eng ironesch-parodistesch Ausenanersetzung mat de Gewunnechte vum Facebook-Benotzer, deen all Dag schrecklech vill poste muss, fir deen et eigentlech näischt Onwichteges méi gëtt, besonnesch dann, wann et ëm seng eege Persoun geet.
Alles ass derwäert, matgedeelt ze ginn, an déi léif Frënn gammse nëmmen drop, fir iwwer alles an d’Bild gesat ze ginn.

Déi fannen et jo och nëmmen normal, hirersäits alles ze posten, wat déi aner einfach interesséiere muss. Mee mir bleiwen ënnen am Beräich vun de Féiss, konzentréieren eis op déi ënnescht Partie vun eise Been, betriede mat eise Fousssuelen mol méi, mol manner festen Terrain an hoffen, datt eist Féissbuch sou vill wéi nëmme méiglech gelikt/geliked gëtt. Ganz fréier hätt ee gesot, datt et gefällt

Télécharger le flyer:      file.jpg   

 

 

Roland Harsch