TEL: +352 47 96 27 32
Deutsch English
Samuel Hamen, Marc Angel : "Zeeechen"
Zeitraum: 17.03.2020 18:30 - 17.03.2020 21:00 Uhr

17 mars 2020 à 18:30                                                 

au Cercle (Auditorium Henri Beck; 5e étage)

Samuel Hamen Marc Angel 

Zeeechen
Dräimol zwou Geschichte vereent Zeeechen, eng Kollaboratioun tëschent dem Auteur Samuel Hamen an dem Zeechner Marc Angel. Et si Geschichte vum Opwuessen zu Lëtzebuerg an den nonzeger an nuller Joren, déi op där enger Säit vum Samuel Hamen a Prosaform presentéiert an op där anerer Säit vum Marc Angel grafesch interpretéiert ginn. 

Bal, Elo an Djö nennen sech déi dräi Erzielungen, an deenen Erënnerungen un Erliefnisser beschriwwe ginn, déi zum Deel ganz perséinlech sinn an zum Deel vun enger ganzer Generatioun gedeelt ginn. Vun der Kandheet bis an de jonken Erwuessenenalter begleet de Lieser de Personnage duerch säi Liewen. Hie ka sech net entscheeden, ob en Noriichten iwwert 9/11 oder MTV kucke soll, kuckt no, wéi de Georges Christen lëtzebuergesch Bicher zerrappt, an erfënnt mam komesche Jong aus der Klass nei Kontinenter op der Schoulbänk. 

Den Auteur verschafft an Zeeechen seng Kandheet a Jugend op eng literaresch Manéier, mee wat dovunner ass wierklech real a wat huet sech de jugendleche Geescht zesummegereimt a bis zur Onkenntlechkeet am erwuessene Kapp weidergesponnen? Am Zesummespill mam Marc Angel senge grafesche Geschichten erëffne sech komplett nei Perspektiven op dës Froen. Seng Tuschzeechnunge verwandelen d’Geschichten a surreal Aventuren, an deenen aus klengen Detailer ganz Welten entstinn an eng ganz eegen Approche zu Figuren, Plazen a Motiven ze erkennen ass. 

https://www.lovelybooks.de/autor/Samuel-Hamen/Zeeechen-2321523514-w/ 

https://www.editionsguybinsfeld.lu/book/zeeechen 

Marc Angel
De Marc Angel, 1960 zu Dikrech gebuer, ass säit méi wéi zwanzeg Joer als selbststännege Grafikdesigner an Illustrator aktiv. Ufanks huet e virun allem Optragsaarbechte gemaach, mëttlerweil schafft hien och vill als Comicauteur an -zeechner an als fräischaffende Moler a Grafiker. Hie publizéiert gréisstendeels am Selbstverlag ënnert dem Pseudonym Mangro. 

Samuel Hamen
De Samuel Hamen ass 1988 gebuer, war zu Dikrech am Lycée a promovéiert zënter 2013 op der Universitéit Heidelberg. Hien huet schonns a lëtzebuergeschen, daïtschen a schwäizer Literaturzäitschrëfte publizéiert a gouf 2016 mam Hans-Bernhard-Schiff-Preis ausgezeechent.

Als fräie Kulturredakter schafft hien ë. a. fir D’Lëtzebuerger Land, ZEIT ONLINE an de Radio 100komma7. V wéi vreckt, w wéi Vitess ass säi literareschen Debut. 

Télécharger le flyer:      file.jpg     

 

Zeeechen