TEL: +352 47 96 27 32
Deutsch English
Thierry Hirsch : "De Fuuss an de roude Léiw"
Zeitraum: 07.04.2020 18:30 - 07.04.2020 21:00 Uhr

07 avril 2020 à 18:30

au Cercle (Auditorium "Henri Beck", 5e étage)

 Thierry Hirsch

Den Thierry Hirsch huet Latäin a Musicologie studéiert.

Op d'Iddi fir e Kanner a Jugendroman am Fantasy-Genre ze schreiwen ass hien 2016 komm bei Geleeënheet vun engem Openthalt zu Oxford, der Stad an där den J.R.R.Tolkien, de C.S.Lewis an de Lewis Carroll hier Wierker verfaasst hunn.

Fir d’Illustratiounen huet den Thierry Hirsch mat enger Kënschtlerin aus Syrien zesummegeschafft. D'Rasha Sawas ass zënter 5 Joer zu Lëtzebuerg an huet schonn eng Rëtsch Ausstellungen zesumme mat Lëtzebuerger Kënschtler gemaach.

De Fuuss an de roude Léiw

Um Virowend vun Nationalfeierdag verléiert d' Lisa op enger Visitt vun der Stad Lëtzebuerg seng Mamm aus den Aen. Wéi hat sech dunn beim Michel-Rodange Monument um Knuedler néierléisst fir op si ze waarden, fënnt hat sech an enger Dramwelt erëm an där de roude Léiw Kinnek vu Lëtzebuerg an de Fuuss Renert héchstperséinlech eng Haaptroll wäerten spillen.

Den Auteur Thierry Hirsch huet sech no un dem Michel Rodange säi Gedicht gehalen.

Lëtzebuerg, mat senger Literatur a senge Legenden ass och den eigentleche Mëttelpunkt vum Thierry Hirsch senger Erzielung. Dobäi si méi oder manner verstoppte Referenzen op eis zäitgenëssesch Politik a Gesellschaft op Schratt an Tratt ze fannen, a ginn och emol mat Wierker aus der europäescher Literatur verbonnen, wéi zum Beispill mat de Fables de Lafontaine.
D'Spill mat den fiktiven an historeschen Personnagen ass spannend och wa Puriste vun der Lëtzebuerger Literatur doru villäicht Ustouss huele kéinten.

E Buch fir all Alter.

Télécharger le flyer:      file.jpg     

 

De Fuuss an de roude Léiw