TEL: +352 47 96 27 32
Français English
Jean-Marc Lantz : "Magnetosaurus nostalgodon"
Zeitraum: 11.02.2020 18:30 - 11.02.2020 21:00 Uhr

11. Februar 2020 um 18:30

im Cercle (Auditorium "Henri Beck", 5. Stock)

 Jean-Marc-Lantz

Iwwer den Auteur :

De Jean-Marc Lantz gouf 1964 zu Lëtzebuerg gebuer. Hien huet Englesch studéiert a lieft a schafft am Süde vum Land. "Magnetosaurus Nostalgodon" ass säin éischte Roman.

"Magnetosaurus nostalgodon"

E Coming-of-Age-Roman voller Komik, Tragik an Nostalgie.

Firwat schumme sech sou vill Lëtzebuerger fir hir Jugend, soubal si de Lycée hannert sech hunn? Dann ass alles op eng Kéier „kannereg“ gewiescht. Mee war et dat wierklech?
De Joé wiisst an de 70er an 80er Joren an der Minettsgéigend op. Hien ass an enger ganz cooler Band, seng Elteren hunn de Krich nach an de Schanken an him ass d‘Land ze kleng. Wéi d‘Beth a säi Liewe kënnt, ännert sech alles.

"Magnetosaurus Nostalgodon" erzielt vun engem, dee versicht, grouss ze ginn, ouni seng Kandheet ze mëssen.

http://www.capybarabooks.com/buecher/literatur/magnetosaurus-nostalgodon.html

Flyer herunterladen:     file.jpg      

 

Magnetosaurus nostalgodon small