TEL: +352 47 96 27 32
Deutsch English
Le port du masque et la désinfection des mains sont obligatoires.
Lost in the 80's
[ publié : 20/04/2021 ]

Dem Andy Bausch säin Documentaire "Lost in the 80's" léist eis gutt 40 Joeren an d'Vergaangenheet reesen. Heibäi rifft hien eis e.a. Evenementer wéi d'Stolkris, de Bau der Atomzentral ze Cattenom an d'Bommenuschléi uechtert Land an Erënnerung. Zudem geet de Realisateur awer och op d'Grënnung vun der Escher Kulturfabrik, d'Kreatioun vum Superjhemp an op d'Emanzipatioun vun der lëtzebuerger Sprooch an. Hien léist lëtzebuergesch Perséinlechkeeten wéi beispillsweis Jacques Santer, de Ben Fayot, d'Germaine Goetzinger, de Christian Kmiotek oder de Marco Lorenzini zu Wuert kommen an hire Point de Vue vun dem wat geschitt ass, duerbréngen.

Loosst Iech, zesummen mam Andy Bausch, zréckversetzen an de Grand-Duché vun den 80eger Joren. 

 

GENRE: Documentaire
REALISATEUR: Andy Bausch


 INTERVENANTS:
 Jaques Santer,
Ben Fayot, 
André Jung ...
Luc Schiltz ... et al.

DURÉE: 1 disque Blu-ray vidéo (ca 94 min.)
ÉDITEUR:  
Paul Thiltges Distributions
LANGUE:
 luxembourgeois
SOUS-TITRES:
anglais, français


COTE: L 908 Los L



Direkte Link op de Katalog a-z.lu

Lost in the 80s

©️ Paul Thiltges Distributions, 2019