TEL: +352 47 96 27 32
Français Deutsch
Doudege Wénkel
[ publié : 14/04/2020 ]

Den Olivier Faber ass bei der Police judiciaire. Duerch sëllegen Tëschefäll ass hien awer bei senger Administratioun an Ongnod gefall a suspendéiert ginn. Wéi säi Brudder Tom kalbliddeg am Auto erschoss gëtt, freet de Polizist fir trotzallem op d'Enquête gesat ze ginn. De Commissaire Hastert entschléisst sech dem Faber eng weider Chance zeginn an léisst hien mat ermëttlen.

Kuerz viru sengem Doud gouf d'Affer mat enger Prostituéiert an engem Hotel op der Stader Gare gesinn. Déi wäissrussesch Damm bréngt d'Police op d'Spur vun dubiose Geschäfter am Finanzsecteur. Denen 2 Ermëttler fällt en Dossier an de Grapp den si zu enger Entreprise mam Numm "Vertera Investment" féiert.

Am Laf vun der Enquête erkennt de Faber awer, dass nach vill méi wéi Finanzbedruch hannert der Affaire stécht. Et geet ënnert anerem em perséinlech Revanche fir Doten déi scho Jorzéngten zréckleien...

GENRE: Policier, film de fiction
REALISATEUR: Christophe Wagner

ACTEURS:

Jules Werner,
André Jung,
Brigitte Urhausen,
Gilles Soeder ... et al.

DURÉE: 1 DVD vidéo (ca 96 min.)
ÉDITEUR:
Samsa
LANGUE:
luxembourgeois
SOUS-TITRES:
français, anglais

COTE: L 83-3 Dou D



Direkte Link fir bei de Katalog a-z.lu

Doudege Wenkel2